|
|
|
ANGEL Marc
|
Leif Matbiergerinnen a Matbierger,
Et ass mer eng grouss Freed, Iech d'Kandidatinnen a Kandidaten vun de Stater Sozialisten fir d'Gemengewahlen vum 9. Oktober 2011 ze presenteieren.
Ons Stater Lescht ass eng gutt a staark Lescht! Sie ass dynamesch,engagéiert, erfrëschend innovativ a selbstbewosst.
Ons 27 Kandidatinnen a Kandidaten spigelen d'Bild an Zesummensetzung vun onser Stater Populatioun exzellent erëm.
Mir Stater Sozialisten hun ons an de leschte Joëren resolut erneiert.An doduerch ass och ons Lescht gréisstendeels nei an an hirem Ganzen onverbraucht.
Meng Aufgab wäert et sinn d'Atouten vun deser Lescht a grousser Geschlossenheet ze optiméieren an domat zum Droen ze bréngen.
Mat menger Equipe wäert ech vum 15 Juni bis de 15. Juli an alle Stater Quartieren de Kontakt mat de Leit sichen an fir sie uspriechbar sinn. Aus Erfahrung wees ech dass ech am Gespréich mat de Menschen am meeschten iwer sie an dat waat sie beschäftegt bäiléieren. |
|
Ech sinn iwerzeecht dass duerch desen Dialog a géigensäitecht Nolauschteren onsen Programm fir ons Stad eng ganz konkret Note wäert kréien.
Nëmmen mat enger echter Transparenz an engem richtegen Dialog kann d'Politik u Vertrauen gewannen. D'Biirger a Biirgerinnen wëllen a sollen wëssen wat mat hirer Stad geschitt. Genau dofir stinn mir all zesummen.
Mat onser Lescht. Mat desen Kandidatinne a Kandidaten. Fir Iech. A fir ons Stad!
Marc ANGEL
| |



